Locatioun

Plangt Dir e Fest, en Event oder eng Feier a sicht nach dat passend Material? Mir hunn d'Léisung!


Egal ob Dir e Grill, Sëtzgarnituren, eng Killremorque oder eng Grillremorque (Grillbud) braucht - bei eis fannt Dir dat néidegt Equipement fir datt Ären Event e Succès gëtt.


Als Veräin stelle mir eist Material Associatiounen, Betriber a Privatpersounen zur Verfügung. Eis Locatiounsléisunge si flexibel, praktesch an ideal fir kleng a grouss Evenementer.


Interesséiert? Näischt méi einfach! Fëllt de Bestellformulaire hei ënnendrënner aus a schéckt en un eis zeréck. Mir këmmeren eis ëm de Rescht a stinn Iech gären zur Säit.


Maacht Äert Fest zu engem onvergiesslechen Erliefnis - mat eisem Material an eisem Service!



Bestellformulaire (Link)



Material

Katalog Material
Pompjeeën GRS.-Flyer-Material.pdf (959.21KB)
Katalog Material
Pompjeeën GRS.-Flyer-Material.pdf (959.21KB)


Konditioune vun der Locatioun vum Material:

- Fir Schied duerch Noléissegkeet, Feier oder Onglécksfäll esouwéi Déifstall oder verluerenem Material haftet de Locataire.

- Zeréckgi vum gelounte Material muss an engem irreprochabelen Zoustand a gebotzt erfollegen.



Killremorque






Technesch Daten Killremorque
Pompjeeën GRS.-Flyer-Killremorque.pdf (1.56MB)
Technesch Daten Killremorque
Pompjeeën GRS.-Flyer-Killremorque.pdf (1.56MB)


Konditioune vun der Locatioun vun der Killremorque:

- Fir Schied duerch Noléissegkeet, Feier oder Onglécksfäll esouwéi Déifstall oder verluerenem Material haftet de Locataire.

- Zeréckgi vum gelounte Material muss an engem irreprochabelen Zoustand a gebotzt erfollegen.

- Eng Kautioun vun 100€ (boer) op der Killremorque.

- Fürerschäin Klass BE (beim sichen kommen eng Kopie dobäi hunn)



Grillremorque






Konditioune vun der Locatioun vun der Grillremorque:

- Fir Schied duerch Noléissegkeet, Feier oder Onglécksfäll esouwéi Déifstall oder verluerenem Material haftet de Locataire.

- Zeréckgi vum gelounte Material muss an engem irreprochabelen Zoustand a gebotzt erfollegen.

- Eng Kautioun vun 200€ (boer) op der Grillremorque.

- Grillremorque brénge mir Iech op Plaz.



Froen an/oder weider Informatiounen:

info@pompjeeen-simmer.com
E-Mail
Infos