Frëndschaft  •  Engagement  •  Zesummenhalt  

Partner ginn?

Ären Engagement fir eis Amicale.

Mat enger Partnerschaft ënnerstëtzt Dir d’Amicale Pompjeeën Greisch-Roodt-Simmer an hëlleft eis dobäi, eis Aktivitéiten, Eventer a Projeten och an Zukunft weiderzeféieren.


D’Ënnerstëtzung vun eise Partner ass e wichtege Bestanddeel vun eisem Veräinsliewen. Si erméiglecht eis, eis Traditiounen ze erhalen, nei Iddien ëmzesetzen an eis weider fir d’Gemeinschaft an eiser Gemeng ze engagéieren.


Als Partner vun eiser Amicale weist Dir Är Verbannenheet mat der Regioun an de lokale Veräinsliewen a gitt Deel vun enger Gemeinschaft, déi op Zesummenhalt, Engagement a géigesäiteg Ënnerstëtzung setzt.


Mir freeën eis iwwer all Entreprise, Betrib oder Partner, deen eis op eisem Wee begleede wëll.


Gitt Partner vun eiser Amicale.



Dokumenter

______________________________





info@pompjeeen-simmer.com


❮ Zeréck - Sponsoren
E-Mail
Infos